Iwwert eis
"Fais du bien à ton corps pour que ton âme ait envie d'y rester" (Teresa d’Avila) Eis Liäwensmëttel kommen aus der ganzer Welt an mir konnen zu jidder Zékt dovaner profitéieren. Dëst brengt lang Transportweg er mat sich an dodurrich éng massiv Ëmweltverschmotzung. An dobäi brauchen mir ee gruussen Deel van dësen Liäwensmëttel net fir éngt goud Eessen ze preparéieren. Aus dësem Grond ha mir Afank 2013 eis Entreprise Legulux Sàrl zu  Wäiswampich gegrënnt. Dës Iddi hat sich iwwert éng länger Zékt entwéckelt.  Su ha mir eis well ëmmer Gedanken iwwert eis Ernhrung gemaat an eist Eessen zesamen am  Familljendësch  wor fir eis de wichtigsten Moment am Daag. Durrich eis langjährig Arbicht als Bauer (hauptsächlich am Setzen van Gromperen an an der Véizuut) sënn mir dem Buadem an der Natur fest verbonnen. Mir bauen regionaalt Geméis aan an respektéieren dobäi déi natierlich Verfügbarkeet van eisen Liäwensmëttel.  Eis Géigend legt 500 m iwwert dem Miäresspéiel an dodurrich mussen dës Planzen mi lang waassen an entwéckelen dodurrich een intensiveren Goût. Een Deel van eise Produkter vermaarten mir iwwert Cactus-Buttiker an den anneren Deel krëtt dir frësch om Feld. éirt Legulux Team
Accueil Iwwert eis Fotoen Kontakt
Haftungsausschuss - Impressum - Copyright 2013
DE FRA LU ENG Iwwert eis